🦠 Corona Tippspill 🦠

1. All Woch leeft en eegestännegt Tippspill vun Méindes bis Sonndes (7 mol tippen / 7 Spilldeeg).

2. No all Woch kënnen Spiller d’Grupp verloossen oder nei Leit mat asteigen.

3. No all Spilldag gëtt den Zwëschestand vum Tippspill gepost.

4. Getippt gëtt a Form vun “Scheduled Message” (“Send” Button laang gedréckt halen) fir präzis 17:00 Auer.

5. Getippt gëtt op nei Corona Fäll fir den respektiven Dag (RTL Zuelen), an dat mat Ranges (Beispill: 100-125 nei Fäll).

6. All Range huet also eng eegen gewielten Gréisst (100-125 -> Gréisst vun 26).

7. Fir et méi iwwersichtlech ze maachen gëtt an dësem Format getippt: “100-125, 26”.

8. Fällt d’Unzuel vun den neien Fäll an d’Range, kritt een d’Gréisst vun senger Range (26) als Punkten bei säin Score vum Tippspill dobäi gesat.

9. Et ass schlecht Punkten ze sammelen. Mannsten Punkten no all Sonnden gewënnt d’Tippspill.

10. Fällt d’Unzuel ausserhalb der Range, oder tippt een méi spéit wéi 17:00 Auer, kritt een standardméisseg déi gréissten Range vum Spilldag + 10 (Konstant kann vun Woch zu Woch geännert ginn) als Punkten.

11. Präiser fir all Tippspill: 1. Platz kritt vun der leschter Platz en Sixer Corona.

12. Fun Regel: Ass een selwer positiv, muss een d’Tippspill vun der nächster Woch aussëtzen. Et kéint een jo d’Zuelen beaflossen.